background background

Bartreng

Déi gréng sinn net nëmmen dobäi – mir maachen den Ënnerscheed.

Léif ParteikolleegInnen, léif MatbiergerInnen,

Wéi der wuel schonn an der Press gelies hutt, sinn déi gréng Bartrengeng Koalitioun mat der DP Bartreng agaangen. Eng Decisioun, déi mir net nëmme mat Verantwortung, mee och mat engem kloren Engagement fir d’Zukunft vun eiser Gemeng getraff hunn.

Grad elo, an enger Zäit wou wichteg Weiche gestallt ginn, ass et essenziell, dass déi gréng mat um Dësch sëtzen, wëll ouni eng staark gréng Stëmm an der Gemengepolitik géif vill vu wichtegen Entwécklungen, Nohaltegkeet, Klimaschutz, Mobilitéit oder  sozialem Zesummenhalt verluer goen.

Dës Zesummenaarbecht mat der DP steet ënnert dem Zeeche vun engem gemeinsame Wëllen, déi grouss Erausfuerderunge proaktiv an zukunftsorientéiert unzegoen. Mir wëllen net just verwalten, mee gestalten. A genau do brénge mir Gréng eis Energie, eis Iwwerzeegung an eis konkret Virschléi an.

D’Verhandlunge fir dës Koalitioun hu gewisen, dass vill vun eisen Iddien a Prinzippien sech och am Programm vun der DP erëmfanne loossen. Dat mëcht et méiglech, dass vill gréng Prioritéiten elo och konkret kënne realiséiert ginn.

Mam Youri Desmet als Buergermeeschter a dem Marc Lang als zweete Schäffen hu mir vertrauensvoll Partner, déi gewëllt sinn, zesumme mat eis Bartreng nohalteg an transparent virunzebréngen. Dës Koalitioun ass méi wéi eng politesch Zesummenaarbecht, et ass eng Chance, gemeinsam d’Liewe vun de BiergerInnen aktiv a positiv ze gestalten.

Mir freeën eis op déi Zesummenaarbecht, net nëmme mat der DP, mee och mat allen Acteure vun der Gemeng Bartreng. Transparenz, Dialog an Engagement sollen déi nächst Jore prägen.