background background

Bartreng

Historique

Déi gréng Bartreng

Am Waljoer 2005 hunn e puer Bartrenger Awunner sech zesummefonnt fir eng Sektioun vun déi gréng Bartreng op d‘Been ze stellen. Si wollten deemools de Bartrenger Wieler eng weider Offer, als Alternativ zu den 3 klassesche Parteien, schafen.

No enger Rei vun Aarbechtsreunioune war dunn den 09. Juni 2005 déi statutaresch Grënnungsversammlung vun déi gréng Bartreng a bei de kommunale Wale vum 11. Oktober 2005 ass, bei engem Stëmmenundeel vu 15,10%, e grénge Conseiller direkt an de Gemengerot gewielt ginn. En 2. Sëtz ass nëmme ganz knapp verpasst ginn.

Bei de Wale vum 11.10.2011 konnten si hiert Resultat nach verbesseren a sinn op en Total vun 19,89% komm a konnte vun elo un 3 Leit an de Conseil stellen. Et koum zu enger Koalitioun DP-déi gréng, an där si dunn e Schäfferotsposten an 2 Conseillere gestallt hunn.

De 06.06.2015 hunn déi gréng Bartreng am Kader vun enger sonneger Feier am Zentrum bei den Hunnen hiren 10. Gebuertsdag gefeiert.

Wéinst der Erneierung respektiv der Verjéngerung vun der Kandidatelëscht bei de Wale vun 2017 hunn déi gréng Bartreng dunn mat engem Resultat vu 16,15% e puer Prozenter verluer, mä konnten awer 2 Conseillere behalen.

Net ze vergiessen ass eis Participatioun bei de Chamberwalen, wou mir 2009 mat zwee, 2013 mat engem an 2018 rëm mat 2 Kandidate vun der Bartrenger Sektioun op der Lëscht am Zentrum derbäi waren.

All des Resultater verdanke mir de Bartrenger Wieler a mir soen hinnen dofir bewosst Merci. Mir huelen dat als eng Unerkennung an als eng Éier un, awer och, a ganz besonnesch, als Flicht fir eis nach méi fir déi „gréng Saach“ ze engagéieren an och fir nach méi op d’Awunner duer ze goen.

Trotz deem engen oder anere Réckschlag, an an aller Bescheidenheet, si mir gréng vu Bartreng houfreg op dat, wat mir bis elo erreecht hunn, a wëllen dofir all eisen aktuellen a vergaangene Memberen, Sympathisanten an deenen, déi eis ënnerstëtzt a gehollef hunn, e grousse Merci ausschwätzen.

Deenen di schonns vun Ufank un derbäi sinn, kënnt heiansdo e Schmunzelen an d’Gesiicht, wa si déi ganz dynamesch, engagéiert a grouss Ekipp an de Reuniounen erliewen, a wann si sech dann drun erënneren, wéi kleng a roueg et emol fréier op de Versammlunge war. Wéi e gesäit, bei eis an der Sektioun ass et schéi lieweg ginn.

Souwäit dee klenge Réckbléck an dofir heescht et elo, no vir kucken en Vue vum Superwaljoer 2023.

Wann Dir Loscht hutt, bei eis ze kommen, sidd Dir häerzlechst wëllkomm.