background background

Bartreng

Programm

ENERGIE

Gréng, propper a bezuelbar Energie 

  • Mir hëllefen Iech, Äert Haus ze renovéieren, fir seng Energieeffizienz mat nohaltege Materialien ze erhéijen, andeems mir Iech duerch d’administrativ Prozeduren an d’Finanzhëllefen guidéieren, dank dem Conseiller “Klima Agence” vun der Gemeng.
  • Mir favoriséieren d’Schafe vun enger Energiekooperativ fir Fotovoltaikpannoen op Diecher an anere Flächen, déi an der Gemeng verfügbar sinn (Privatleit, Gemengegebaier, Betriber), ze installéieren.
  • Mir limitéieren d’Liichtverschmotzung duerch eng intelligent Gestioun vun der ëffentlecher Beliichtung an der Installatioun vu Beweegungsmelder.
  • Mir fuerderen, fir Neibauten, d’Installatioun vun Wäermepompelen. Fir besteeënd Haiser ënnerstëtze mir d‘Ersetze vun der fossiller Brennstoffheizung duerch alternativ an nohalteg Energieléisungen.
  • Mir reduzéiere weider den Energieverbrauch vu kommunale Gebaier.
  • Mir installéieren, wa méiglech, Fotovoltaikpannoen op den Diecher vu Gebaier, déi vun der Gemeng geréiert ginn.

KLIMA

E gréissere Schutz géint de Klimawandel

  • Mir ginn Iech e Subsid, fir bestëmmten heemesch Beem oder Straich bei Iech doheem ze planzen.
  • Mir hëllefen Iech, Reewaasserréckgewannungssystemer ze installéieren, virun allem duerch d’Erhéijung vun de Gemengesubsiden.
  • Mir installéieren Dreckskëschte fir getrennten Offall am ëffentleche Raum.
  • Mir verzichten op energieintensiv kommunal Ënnerhalungsaktivitéiten (wéi Äispisten, kënschtlech Schnéipisten oder kënschtlech Wellen).
  • Mir planzen e Bam fir all Neigebuerenen am ëffentleche Raum, fir d’Temperatur am Fall vun héijer Hëtzt ze reduzéieren.
  • Mir benotze Reewaasser, fir d’Planzen am ëffentleche Raum ze nätzen.
  • Mir hëllefen de Schoulen, fir méi Klassen am Bësch ze organiséieren (Dag am Bësch) a mir ënnerstëtzen d’Schafe vu „grénge Crèchen“.
  • Mir installéiere gréng Diecher a Fassaden op de Gemengegebaier.
  • Mir bevirdeelegen nohalteg Alternativen zum Gebrauch vu Stroossesalz am Wanter.
  • Mir bauen am Anzuchsgebitt vun der Péitruss en zousätzleche Waasserréckhaltebasseng fir Iwwerschwemmungen ze verhënneren.

WUNNRAUM

Bezuelbare Wunnraum an nei Wunnmodeller

  • Mir entwéckele Gemengen- an/oder Kooperativwunnenge fir bezuelbar Wunnengen zu Bartreng unzebidden.
  • Mir stelle Gemengenterrainen duerch Ierfpacht (Emphytéos) zur Verfügung, fir datt ëffentlech a privat Acteuren (wéi de Fonds du Logement, d’SNHBM, d’Caritas oder d’Wunnengskooperatiounen) sozial a bezuelbar Wunnenge bauen.
  • Mir maachen en Inventaire vun eidele Gebaier a proposéiere kuerzfristeg Léisungen, fir datt se als Butteker, Atelieren oder Wunnenge kënne benotzt ginn.
  • Mir encouragéieren d’Wunngemeinschaften (Colocatiounen) an d’Mixitéit vun der Bevëlkerung, virun allem duerch d’Erliichterung vum Informatiounsaustausch tëscht de Locatairen, déi hiert Doheem wëllen deelen.
  • Mir fërderen d’Schafe vu Wunnenge fir Jonker mat méi niddregem Akommes, déi an der Gemeng schaffen, wéi zum Beispill d’Personal vum Fleegeheem.
  • Mir schafen eng Rei Noutwunnengen (logements d’urgence), proportional zu de kommunale Kapazitéiten, wéi et sech fir eng Gemeng vun 8.500 Awunner gehéiert.

URBANISMUS
Gréngen a responsabelen Urbanismus.

  • Mir consultéieren Iech systematesch, wa grouss urbanistesch Projeten ausgeschafft ginn, déi Iech betreffen, zum Beispill beim Plange vun neie Lotissementer.
  • Mir erhéijen d’Wunnengsdicht an der Gemeng.
  • Mir notze mëttelfristeg besteeënd Baulücke fir Modular-Wunnengen an/oder „tiny Houses“ ze installéieren.
  • Mir favoriséieren Holz als Baumaterial fir nei kommunal Gebaier, besonnesch op Gréngflächen ersetze mir de Bëton duerch Holz.
  • Mir installéiere méi Bänken an Dëscher op Gréngflächen a Spillplazen (z.B. am Quartier Helfent); dës Miwwele kéinten aus Holz aus eise Gemengebëscher gebaut ginn.
  • Mir suergen dofir, datt temporär Konstruktiounen (wéi zum Beispill de Chrëschtchalet) fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit zougänglech sinn.
  • Mir schafen an alle Beräicher vun der Gemeng gutt equipéiert Hondsparken.

MOBILITÈIT
Eng propper a sécher Mobilitéit fir jiddereen.

  • Mir benotzen de Shared Space am Zentrum als Treffpunkt a mir installéiere méi Blummebacken, fir dat “wëllt” Parken ze verhënneren.
  • Mir limitéieren d’Vitesse op 30 km/h an der Gemeng (ausser Haaptstroossen), a mir berouegen de Verkéier an de Wunnquartieren.
  • Mir insistéieren drop, datt Bartreng sou séier wéi méiglech un d‘Tramsnetz vun der Stad ugeschloss gëtt.
  • Fir datt d’Kanner sécher, zu Fouss oder mam Vëlo, an d’Schoul kënne goen, organiséiere mir e gruppéierten Transport (Pedibus a Vëlobus), dee vu Gemengepersonal oder vun Elteren encadréiert gëtt; mir setzen eng kuerzfristeg Léisung an, fir de Schoulwee vun de Kanner op der Eisebunnsbarriär an der Mamerstrooss méi sécher ze maachen.
  • Mir bauen iwwerall do Trottoiren, wou et se net gëtt, fir méi sécher kënnen zu Fouss ze goen.
  • Mir verbannen déi besteeënd Vëlosweeër a mir bauen neier, besonnesch fir d’Quartieren an der Peripherie (wéi Helfent/City Concorde) mam Zentrum vu Bartreng ze verbannen.
  • Mir installéiere méi Vëlosparkplazen nieft Geschäfter a Kultur- a Sportanlagen, souwéi elektresch Opluetstatioune fir Vëloen.
  • Mir plange méi Vel’OH!-Statiounen an der Gemeng.
  • Mir bevirdeelege breet Trottoire fir Foussgänger a Vëlosfuerer an den neie Lotissementer.
  • Mir verbesseren d’Signalisatiounsschëlder fir Foussgänger a Vëlosfuerer, virun allem fir de Respekt tëschent deene verschiddene Fortbeweegungsformen ze encouragéieren.

GESCHÄFTER A KREESLAFWIRTSCHAFT
D’Attraktivitéit vun enger lokaler, grénger, biologescher a circulairer Wirtschaft stäerken.

  • Mir hëllefe lokalen Händler hir Entreprise zu Bartreng z’entwéckelen, andeems mir hinne Geschäftsraim zu engem méi niddereg Präis wéi de Maartpräis, fir eng begrenzten Zäit, verlounen.
  • Mir ënnerstëtzen ekonomesch Kollaboratiounsprojeten (z.B. Kooperative fir Photovoltaikpannoen, Gemeinschaftsgäert) mat juristescher Ënnerstëtzung a Berodung.
  • Mir bidden eng diversifizéiert Offer vu Formatiounen iwwert d’Kreeslafwirtschaft an dem Upcycling un, fir d’Leit fir d‘Reutilisatioun vu Materialien ze sensibiliséieren.
  • Mir subventionéieren d’Reparatur vu groussen elektreschen Apparater (Frigo, Wäschmaschinn, asw.).
  • Mir erstellen e System fir Gaardenaarbecht an DIY-Ausrüstung zu anstännege Präisser an Zäiten ze deelen.
  • Mir setzen eng Plattform fir den Austausch vu Kleeder, Spillsaachen a Sportgeräter op.
  • Mir stäerken d’Ënnerstëtzung fir besteeënd Associatiounen an Initiativen.

NATUR AN ËMWELT
Eis natierlech Ressourcë schützen.

  • Mir schütze Gréngflächen, fir de Räichtum vun der heemescher Flora a Fauna am ëffentleche Raum ze garantéieren.
  • Mir geréiere verschidde Gréngflächen an der Gemeng a Form vun „Fauchage tardif“.
  • Mir hëllefen de Stéit an de Betriber an eisen Industriezonen zu Bartreng, fir respektabel Gréngflächen ze schafen, virun allem mat Berodung iwwer finanziell Hëllefen.
  • Mir schützen d’Beien an hirem natierleche Liewensraum, mat konkrete Moossnamen an Informatiounssëtzungen.
  • Mir reduzéieren d’Stenggäert andeems mir se vun den Terrainen, déi vun der Gemeng verwalt ginn, an an neie Lotissementer verbannen. Ausserdeem gi mir nëmmen eng Subventioun, fir en existéierende Steegaart an e grénge Gaart ëmzebauen, wann de ganze Steegaart ersat gëtt.
  • Mir stellen de Matbierger och an anere Gemengequartiere Gemeinschaftsgäert zur Verfügung.

GESONDHEET
En héichwäertegt Liewen an eng effikass Gesondheetsfleeg.

  • Mir setzen d’Prioritéit op d’Preventioun, virun allem duerch d’Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet iwwer Ëmweltbedéngungen, wéi propper Loft a Waasser, an d’Verschmotzung an all senge Formen.
  • Mir kreéieren e Maart ausserhalb vun der normaler Aarbechtszäit, fir den Zougang zu lokalen, nohaltegen a biologesche Liewensmëttel ze verbesseren.
  • Mir garantéieren eng gesond an equilibréiert Ernierung an allen kommunalen Infrastrukturen (SEA/Primärschoulen, Foyeren, Altersheemer, asw.) mat engem méi groussen Undeel vu biologeschen a regionale Produkter, an enger méi grousser Auswiel u vegetareschen a vegane Platen.

KANNER A FAMILLJELIEWEN
Eng attraktiv Gemeng fir Familljen, Kanner an eeler Persounen.

Fir déi ganz kleng:

  • Mir organiséieren Informatiounssëtzunge fir Eltere vu Puppelcher a klenge Kanner, inklusiv geziilten Éischt-Hëllef-Coursen.
  • Mir gi jonk Eltere mat Neigebuere Kits an Erzéiungsguiden fir Familljen.

Fir Kanner:

  • Mir baue Spill- an Entdeckungsplazen op den net bebauten Terraine vun den neie Quartieren an der Gemeng.
  • Mir bevirdeelege gréng Fräizäit- an Abenteuercoursen, fir de Schüler z’erméiglechen, no bei der Natur ze sinn an eng verstäerkte Sensibilitéit fir d’Natur z’entwéckelen.
  • Mir erlaben de Kanner selwer un der Gestioun vu Projeten deelzehuelen, déi si betreffen.

Fir jonk Erwuessener:

  • Mir bidde Jonker vun 18 Joer en Interrail-Zuchticket als Gebuertsdagskaddo sou wéi e Kaddosbong fir kulturell Aktivitéiten (Concerten, Kino, Theater, asw.) un, fir hinnen den Zougang zu lokalen Eventer ze erliichteren a si fir d‘Konscht ze sensibiliséieren.
  • Mir loossen déi Jonk aktiv bei der Entscheedung iwwer klimatesch Theemen deelhuelen.
  • Fir Erwuessener stelle mir e personaliséierte Berodungsservice op d’Been, betreffend all Froe ronderëm de Fonctionnement vun der Gemeng.

Fir Senioren:

  • Mir fërderen d’Zesummeliewen aus enger multigenerationaler Perspektiv, duerch Méigeneratiounen- a Modular-Wunnengen, encadréierte Logementsservicer, ëffentleche Raim fir Treffen tëscht Generatiounen z’erliichteren, an Eventer, déi fir all Alter gëeegent sinn.
  • Mir encouragéieren d’Schafe vu klengen, liicht zougängleche Geschäfter am Zentrum an a baussenzege Quartieren, mat Plaze fir ze sëtzen an ze poteren.
  • Mir stellen Hëllefsservicer fir d’Akafen zur Verfügung.

Fir Leit mat spezifesche Besoinen:

  • Mir entwéckelen e Service „Noperschaftshëllef“, fir Kontakter opzebauen a géigesäiteg Hëllef duerch kleng Servicer ze encouragéieren (iwwer eng Applikatioun wéi Hoplr zum Beispill).
  • Mir favoriséieren d’Participatioun an de lokalen Organisatiounen a Veräiner, virun allem andeems mir Leit mat reduzéierter Mobilitéit Zougang zu all kulturellen a sportlechen Ariichtungen erlaben.

ZESUMMELIEWEN AN ZESUMMENHALT
Eng Gemeng, wou et sech gutt liewe léisst

  • Mir organiséiere méi sozial a kulturell Aktivitéite fir d’Integratioun an d’Zesummeliewen ze fërderen.
  • Mir halen d’Käschte vun de kulturellen Eventer raisonnabel, déi virun allem lokal Kënschtler presentéieren a sech un déi lokal Bevëlkerung riichten.
  • Mir organiséieren “saisonal Brunchen”, déi fir jiddereen zougänglech sinn, fir d‘Leit fir lokal a saisonal Produkter an enger geselleger Atmosphär ze sensibiliséieren.
  • Mir encouragéieren eng oppen a plural Gesellschaft, wou all Persoun respektéiert gëtt, wéi se ass.
  • Mir bevirdeelegen déi sozial Kohäsioun a Solidaritéit.
  • Mir bilde Fräiwëlleger aus, fir déi, déi se brauchen, kleng Servicer unzebidden (zum Beispill nom Haus kucken an der Vakanz, Akafen fir déi eeler Leit, de Wues méien).

PARTIZIPATIV DEMOKRATIE
Eng transparent Gemeng, déi no bei de Bierger ass.

  • Mir schafen eng Quartierskommissioun, déi engem Vertrieder vun all Quartier zu Bartreng eng Stëmm gëtt.
  • Mir ginn Iech d’Méiglechkeet, fir online e Rendez-vous mat den administrative Servicer vun der Gemeng ze huelen.
  • Mir adaptéieren d’Ëffnungszäite vun der Gemengeverwaltung, andeems mir en Dag mat Ëffnungszäite vu 7.00 bis 19.00 Auer plangen.
  • Mir iwwerdroen d’Sëtzunge vum Gemengerot live um Internet (Livestreaming).
  • Mir verdeele Gemengebulletinen am léifsten elektronesch; nëmmen déi, déi wëllen, kréien hire Bulletin a Pabeierformat.
  • Mir suergen dofir, datt déi consultativ Kommissioune richteg Inkubatore fir Iddie ginn.
  • Mir organiséiere Consultatiounen iwwer d’Projete vun der Gemeng.
  • Mir froen är Meenung fir d’Gestioun vun der Gemeng, andeems mir eng Suggestiounskëscht installéieren an Atelieren organiséieren.
  • Mir ginn engem Grupp vu Bierger:innen d’Méiglechkeet, fir iwwer d’Héicht vun enger Zomm z’entscheeden, fir en Objektiv ze erreechen, an dat an aller Transparenz a mat klore Reegelen.