Déi gréng sinn net nëmmen dobäi – mir maachen den Ënnerscheed.
Léif ParteikolleegInnen, léif MatbiergerInnen, Wéi der wuel schonn an der Press gelies hutt, sinn déi gréng Bartrengeng Koalitioun mat der DP Bartreng agaangen. Eng Decisioun, déi mir net nëmme mat Verantwortung, mee och mat engem kloren Engagement fir d’Zukunft vun eiser Gemeng getraff hunn. Grad elo, an enger Zäit wou wichteg Weiche gestallt ginn, ass et essenziell, dass déi gréng mat um Dësch sëtzen, wëll ouni eng staark gréng Stëmm an der Gemengepolitik géif vill vu wichtegen Entwécklungen, Nohaltegkeet, Klimaschutz, Mobilitéit oder sozialem Zesummenhalt…